Auto-, a Moto-Fahrschoul Patzig

Ab dem 3. Oktober bidde mir zousätzlech Kuere fir Theorie un. Weider Detailer fann dir hei.


Mir si frou Iech op eiser Homepage ze begréissen a stinn Iech gäre mat eiser professioneller Berodung zur Verfügung.
Eis Mataarbechter beäntweren Är Froen iwwer Telefon oder E-Mail.
Eist Haaptzil ass, eis Schüler, zu verantwortlechen a séchere Participanten am Stroosseverkéier ze forméieren. 
Mir freeën eis op Äre Besuch.
Weider Informatiounen hei drënner am Infoblock.

Eis Fahrschoul

Theorie
Wou a wéini?

Online:
Méindeg a Mëttwoch vu 19.00-20.30
Op der Plaz:
Dënschdeg an Donneschdeg jeweils vu 19.00 bis 20.30 zu Réimech am Bus.
Mir mellen eis bei allen déi de Moment bei eis an der Theorie ageschriwe si per Email. Et ass wichteg, ob déi Email ze äntwere fir kënnen ee reiwungslosen Oflaf ze garantéieren. Déi Schüler déi NET kontaktéiert gi sinn, sollen sech um Büro beim Christine mellen.

Umeldung
Wou a wéini?

A Waasserbëlleg:
Méindeg vu 17:00-19:00 sou wéi op Termin am Büro Méindeg bis Freideg tëscht
08:10 an 11:30
A Réimech:
Dënschdeg an Donneschdeg jeweils vu 18:00-19:00
Dës nei Zäiten gëllen ab dem 3. Oktober 2022!

Umeldung
Wéi?

Sicht ënner Kategorien wat Dir braucht fir Iech fir déi gewënschte Kategorie anzeschreiwen. Am Fall vu Mannerjäregen, muss en Elterendeel oder Erzéiungsvertrieder kommen an d'Umeldung ënnerschreiwen an eng Kopie vun hirer Identitéitskaart ofginn.

Kontakt

Telefon

 +352 621708412                         

Email

info@autoecole-patzig.lu                         

Adress

80 route de Luxembourg
L-6633 Wasserbillig                         

Büro Stonnen

Mo.-Fr. 8:10 - 11:30 (op RV)
Telefon: 8h00-18h00

Eis Standuerter

Waasserbëlleg

Réimech

Kontakt

Fir ee méi séiere an einfache Kontakt, froe mir datt Dir eis ëmmer eng Telefonsnummer hannerloosst op där mir Iech erreeche kënnen.

© D'Biller an den Inhalt op dësem Site si vum Copyright geschützt.

Mobirise page builder - Get more